2 Persoune verhaftKläpperei mat 3 Blesséierten an der Stad

RTL Lëtzebuerg
An der Bouneweger Strooss koum et géintiwwer vun der Place Léon XIII e Freideg zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen.
© Police

Eng Fra an e Mann haten e Grupp vun 3 Leit ugegraff. Ee vun den Affer ass op e Buedem gefall a gouf dobäi schwéier blesséiert, déi 2 aner Persoune goufe liicht verwonnt.

Op Uerder vum Parquet goufen déi 2 Ugräifer festgeholl an op Schraasseg bruecht. Si haten e Samschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO