Eisestaang derbäiKläpperei mat Blesséierten op der Gare - dräi Leit festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass d'Police wéinst enger Kläpperei mat Waffen an d'Rue Joseph Junk op der Gare geruff ginn.
© Police

D’Police huet eng Rei involvéiert Persounen op der Plaz ugetraff. Zwou Persoune ware blesséiert a missten an d’Spidol bruecht ginn. Bei enger involvéierter Persoun gouf eng Eisestaang séchergestallt.

Éischten Informatiounen no war et ee Sträit ënner Bekannten, dee schonn e puer Deeg virdrun zu engem Policeasaz gefouert hat. Op Uerder vum Parquet goufen dräi Verdächteger festgeholl an eng Rei Géigestänn goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO