
Wéi d’Police mellt ass zu Bartreng géint 21 Auer eng staark alkoholiséiert Persoun vum Wantermaart an d’Ausniichterungszell bruecht ginn. Dat nodeems Visiteuren duerch d’Behuelen vun där Persoun gestéiert goufen.
E bësse méi spéit war um Chrëschtmaart zu Miersch Membere vu verschiddene Motorradsbanden unenee geroden. Dobäi goufen zwou Persoune méi liicht verwonnt. Direkt e puer Patrulle goufen op d’Plaz geschéckt, fir d’Situatioun ze berouegen an eng Enquête an d’Weeër ze leeden.
Am Lokalen, mellt d’Police donieft Hausabréch zu Kielen, Stroossen, Gréiwemaacher, Greiweldeng a Garnech. Zu Ettelbréck gouf an e puer Kelleren agebrach an an der Stad sinn Autoen opgebrach ginn.