Tëscht Perceptioun a RealitéitKleng Kanner gi statistesch gesi manner a réischt méi spéit an d’Crèche

Claude Zeimetz
Et géifen ëmmer méi Kanner vu moies bis owes an eng Betreiung goen. Dee Reproche huet een am ëffentlechen Debat an der leschter Zäit méi dacks héieren.

D’Statistiken, déi den Educatiounsministère RTL op Nofro hin geliwwert huet, ginn awer méi en nuancéiert Bild erëm a schwätzen deels souguer eng aner Sprooch.

Deemno ass den Undeel u Kanner, déi mat manner wéi engem Joer reegelméisseg an eng Crèche ginn, zanter der Reform vum Congé parental am Oktober 2016, erofgaangen. Vu 27 Prozent am Joer 2017 op 24 Prozent zejoert. Tëscht 2012 an 2017 gouf et hei nach eng Progressioun. Grad am éischte Liewensjoer wier d’Stonnenzuel réckleefeg a si géife méi spéit an enger Crèche ageschriwwe ginn, seet och den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview.

Bei de Kanner iwwert engem Joer gesäit et allerdéngs anescht aus. Zejoert sinn 71 Prozent am Alter tëscht engem an zwee Joer an 79 Prozent vun zwee Joer un an enger Crèche betreit ginn. Dat si ronn 20 Prozentpunkte méi, wéi nach virun 10 Joer.

Fakt ass: d’Demande no Betreiungsplazen ass besonnesch direkt no der Aféierung vun de Chèques-services staark geklommen, fir zanterhier an absolutten Zuele weider lues an d’Luucht ze goen.

30 Stonnen Crèche pro Woch an der Moyenne

An der Moyenne gëtt e Kand dem Educatiounsministère no hautdesdaags ronn 30 Stonnen d’Woch an der Crèche betreit. Zejoert waren zwee Drëttel vun de Kanner bis ee Joer an deem Fall an eppes manner wéi d’Hallschent vun de Klengen tëscht engem an dräi Joer. Jongen a Meedercher, déi all Dag, vu moies bis owes, friem betreit ginn, wieren éischter eng Ausnam. Vill méi hätt sech de Prozentsaz vun de Kanner ënnert engem Joer, déi méi wéi 40 Stonnen an eng Crèche ginn, hallwéiert, seet de Minister.

Parallel ass awer och den Undeel vun de Klengen, déi 20 Stonnen oder manner ginn, réckleefeg. Eng konkret Erklärung heifir krute mer vum Ministère en Donneschdeg net.

Elteren méi an d’Verantwortung huelen ouni schlecht Gewëssen ze maachen

Dem Claude Meisch no sollt een all Zäit ophalen, den Elteren e schlecht Gewëssen ze maachen, déi hiert Kand an eng Crèche ginn. Et géif een duerchaus gesinn, datt déi meescht Elteren sech ganz genee iwwerleeën, wéi se d’Betreiung vun hire Kanner organiséieren a kucken, fir sou vill wéi méiglech Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.

Dës Regierung wier och déi éischt gewiescht déi mam Tabu gebrach hätt, fir d’Elteren méi an d’Verantwortung ze huelen. Dat géif elo zum Beispill iwwert d’Eltereforen goen - eng Initiative, déi allerdéngs réischt ganz rezent am Februar dëst Joer lancéiert gouf. Zil wier et, d’Elteren zum Beispill dorobber ze sensibiliséieren, datt déi éischt 1.000 Deeg am Liewen vun engem Kand déi wichtegst sinn, datt ee mat sengem Kand schwätze soll amplaz se virun en Ecran ze setzen an Zäit mat hinne verbréngen, och wa se an eng Crèche ginn.

Personalmanktem bleift eng Schwaachstell

Strukturell géif de grousse Personalwiessel an den Haiser e Problem bleiwen. Hie géif sech sécher wënschen, datt manner gewiesselt gëtt. An där Situatioun wier een awer net, notamment wéinst dem Personalmanktem an engem groussen Undeel vun Deelzäit. Datt d’Konzept vun de Mini-Crèchen net méi Uklang fonnt huet, bedauert de Minister. Adaptatiounen um Niveau vun den Dageselteren sollen nach virun de Walen kommen.

D’Chiffren, déi den Educatiounsministère op Demande vun RTL zur Dispositioun gestallt huet, concernéieren iwwregens just déi konventionéiert Crèchen, déi ronn d’Hallschent vun de Betreiungsstrukturen am Klengkandberäich ausmaachen a goufen op Basis vun de Chéques-services notamment erfaasst. Do géif d’Stonnenzuel, déi reell prestéiert gëtt, gemenkerhand mat de Stonnen am Kontrakt iwwerteneen stëmmen.

Aktualitéitsstonn an der Chamber

An der Chamber goung et en Donneschdeg op Demande vun der CSV an enger Aktualitéitsstonn ëm d’Betreiungsstrukturen, de Pensum vun der Friembetreiung, an d’Wuelbefannen vun de Kanner an de Crèchen an de Maison-Relaisen. D’Oppositiounspartei huet fir de Choix plädéiert, an datt Betreiung doheem honoréiert géif. D’Personal hätt net déi Zäit, fir op de Kanner hir Besoinen anzegoen. D’Politik sollt ophalen, de Familljen de Message ze ginn, d’Kanner wieren am beschten an der Crèche, sou d’Martine Hansen am Plenum.

Back to Top
CIM LOGO