
Si waren ewell an der Prozedur vum Iwwerschaffe vum Stater PAG géint d'Urbanisatioun vum Site. Do sollten u sech 5 Tierm mat am Ganze 455 Wunnunitéiten, Commercen a Büroen entstoen.
Een Argument vun de Kläger war, et géif net genuch op eng Rëtsch vu geschützte Spezien opgepasst ginn. Am Kader vun der sougenannter „stragescher Ëmweltpréiwung“ wär dat net a Betruecht gezu ginn. Am Januar zejoert ware si dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Den Ëmweltministère hat am Juni d'lescht Joer doriwwer informéiert, dass e Bureau d’études eng Studie iwwer verschidde geschützte Spezien duerchféiere géif. Am Juli zejoert haten d'Kläger beim Ministère gefrot, fir all d'Elementer a Resultater vun där Etüd matgedeelt ze kréien. Am August d'lescht Joer hat de Ministère geschriwwen, dass nach keng Informatiounen dozou virléichen. D'Kläger haten am Oktober an am November dunn all scho fäerdeggestallte Rapporte gefrot, wat d'Ministesch awer am Dezember refuséiert hat.
De President vum Tribunal administratif hat am Januar d'Refusmotiver vun der Ministesch zréckgewisen an de Staat dozou opgefuerdert, fir en entspriechend Dokument matzedeelen; dat war kuerz drop geschitt. Hiren Affekot hat am Abrëll gefrot, dass d'Kläger zu all Decisioun, déi de Site betrëfft, hir Remarken duerleeë kéinten, an déi Demande am Juni widderholl, well bis dohi keng Äntwert koum. Am Juli hat d'Ministesch dunn ugedeit, dass si wuel mat enger Demande fir den Debroussaillage géif befaasst ginn.
Am September gouf kloer, dass am August eng entspriechend Autorisatioun ausgestallt gouf; d'Aarbechten haten de 16. September ugefaangen. Den 18. September haten d'Kläger dofir d'Verwaltungsgeriicht saiséiert.
Fir de President vum Tribunal administratif wären d'autoriséiert Aarbechte just op engem Deel vu Parzelle gewiescht, an och deem Deel, op deem et net zu enger Urbanisatioun komme sollt; d'autoriséiert Mesurë wären also keng, déi der Ëmwelt schuede géifen.
Well also kee Schued fir d'Ëmwelt a fir d'Kläger virléich, wär deenen hir Demande no enger provisorescher Moossnam zréckzeweisen. Si hätten och keng Indemnité de procédure zegutt.