Nach Loft no uewenKnapp 5 Prozent vum Stroum komme vu Wandrieder

Marc Hoscheid
Zu Lëtzebuerg hunn 2021 Wandrieder 314 Gigawattstonne Stroum produzéiert. Bei der Soler gesäit een nach am ganze Land Potenzial fir zousätzlech Kapazitéit.
© Archiv

Lëtzebuerg wëllt an Zukunft verstäerkt op erneierbar Energie setzen, nieft der Sonnenenergie soll och d’Wandkraaft eng méi wichteg Roll spillen. Aktuell gëtt et zu Lëtzebuerg 62 Wandanlagen, mat deenen, déi an der Geneemegungsprozedur oder scho geneemegt awer nach net gebaut sinn, sinn et der 79. Mat 37 steet méi wéi d’Hallschent vun den Anlagen um Territoire vum Kanton Clierf. Dono kommen d’Kantoner Dikrech a Wolz mat jee sechs Anlagen. Am Joer 2021 hu Wandanlagen zu Lëtzebuerg 314 Gigawattstonne Stroum produzéiert, dat waren 10 Prozent manner wéi 2020. Grënn ware schlecht Wandkonditiounen an den Ëmstand, datt e puer al Anlagen ausser Betrib geholl goufen an nach net ersat waren. Trotzdeem läit d’Wandenergie ënnert den erneierbaren Energien op där éischter Plaz. Mat Bléck op dee gesamte nationale Stroumverbrauch, deen 2021 bei 6.549 Gigawattstonne louch, huet d’Wandenergie knapp fënnef Prozent ofgedeckt. Mat 58 Prozent hat d’Industrie dee gréissten Undeel um Verbrauch, den Handel koum op 26 Prozent an d’Stéit op 16 Prozent. Am nationale Klima- an Energieplang 2040 ass iwwerdeems virgesinn, datt bis dohi ronn 1.100 Gigawattstonne Stroum duerch Wandmille produzéiert ginn.

Dee gréisste Produzent vu Stroum aus Wandenergie ass d’Soler mat 38 Anlagen op 10 Sitten. Bei der Soler schätzt een déi gesaten Ziler als “absolut realistesch” an. Dat virun allem duerch de sougenannte Repowering. Dat heescht, datt bestoend Anlagen duerch méi performanter ersat ginn. Doduerch wier et méiglech, d’Stroumproduktioun massiv ze erhéijen, ouni datt dobäi d’Zuel vun den Anlagen genee esou an d’Luucht geet. Ee Beispill nennt ee bei der Soler ee Wandpark an der Gemeng Esch-Sauer, deen d’lescht Joer repowered gouf. Eng nei Wandanlag huet do dräi aler ersat, woubäi déi nei 6 Mol méi Stroum produzéiert wéi déi dräi bestoend zesummen. Virun 20 Joer hätt een also 18 Anlagen opriichte missen, fir dat ze produzéiere wat haut eng leeschte kann.

Een neit Wandrad sou performant wéi 18 aler

Aktuell huet d’Soler dräi Wandparken am Bau. Zu Duelem entsteet ee Park mat fënnef Wandrieder, déi 21 Megawatt produzéiere kënnen, am Aerenzdall ee mat dräi Wandrieder, déi 12,6 Megawatt produzéiere kënnen an de Projet Sudwand, wou zwee Wandrieder eng Leeschtung vun 8,4 Megawatt liwwere kënnen. Beim Projet Sudwand ass ze soen, datt dësen am Laf vun de Jore staark verklengert gouf. Ufanks war nämlech iwwert 23 Wandrieder an deene 14 Sudgaz-Gemenge nogeduecht ginn. 2018 gouf dunn een ofgespeckte Projet mat néng Wandrieder presentéiert, deen dunn op fënnef a lo schlussendlech op zwee no ënnen revidéiert gouf. De Grond fir déi Entwécklung waren d’Resultater vun Naturschutzetüden, déi erginn hunn, datt op enger Rëtsch vun den aviséierte Sitten entweder de Routmilan oder Schwarzstorch doheem ass. Bei der Soler weist een an deem Kontext dorop hin, datt d’Oplagen an de Beräicher Natur- an Aarteschutz an de leschten zéng Joer zougeholl hunn.

Wat d’Akzeptanz duerch d’Leit ugeet, gesäit ee bei der Soler kee generelle Probleem. Et géing een ëmmer ëffentlech Versammlungen organiséieren, op deenen d’Awunner fréizäiteg iwwert d’Projeten informéiert ginn. Domat hätt ee gutt Erfarunge gemaach. Och d’Schäffen- a Gemengeréit géinge fréizäiteg informéiert an an d’Ausschaffe vum Projet involvéiert. Sou sollt Transparenz garantéiert ginn.

Bierdener Wandrad réischt am Januar 2024 Thema um Geriicht

Wéineg bis keng Akzeptanz gëtt et par Konter fir de Projet vun engem Wandrad tëscht Bierden a Warken. Et géing een als Soler bedaueren, datt eng lokal Biergerinitiative, déi géint de Projet ass, d’Betribsgeneemegung vun der Anlag op d’Geriicht geholl huet. De Rendez-vous um Geriicht ass réischt am Januar 2024, bis dohi wier d’Anlag “on hold”. Fir d’Wandrad um Karelshaff, déi net kontestéiert ass, feelt just nach d’Baugeneemegung. Et géing een hoffen, nach dëst Joer mat den Infrastrukturaarbechte kënnen unzefänken. Gläichzäiteg gëtt den alternative Site um Fridhaff weider analyséiert.

Wat déi weider landeswäit Entwécklung ugeet, géing een an alle Regioune Potenzial gesinn. Dat well déi nei Generatioun vu Wandrieder esou performant ass.

Back to Top
CIM LOGO