Niddreg ImpftauxenKnapp 60% vum Personal an den Alters- a Fleegeheemer si geimpft

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer si laang net all d'Leit, déi an Alters- a Fleegeheemer respektiv bei Soins-Zerwisser schaffen, geimpft.

Sou läit den Taux vu geimpftem Personal am Reseau vun de 40 Cipaen a Fleegeheemer bei knapp 60%.

An enger hallwer Dose Strukture fir eeler Leit, déi d’Ministesche Paulette Lenert a Corinne Cahen awer net mam Numm nennen, läit de Vaccinatiouns-Taux beim Personal souguer bei nëmme 40% an drënner. Dat äntweren déi zwou zoustänneg Ministeschen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Michel Wolter.

Och den Taux vu geimpftem Personal, déi allgemeng fir Fleege-Zerwisser schaffen, also och déi déi bei eeler Leit heem kommen, huet net substantiell bougéiert: Dësen Taux läit mat knapp 49% ënnert der Hallschent vun dëse Mataarbechter, déi am Fleege-Reseau agestallt sinn. Bei engem Patron aus dem Fleege-Secteur läit den Impftaux souguer bei nëmme 24%, sou datt do nëmmen all véierte Mataarbechter geimpft ass.

PDF: Parlamanetaresch Fro iwwer den Impftaux am Fleege-Secteur

Back to Top
CIM LOGO