
90 Prozent vun de Kandidate si Lëtzebuerger. Leit mat duebeler Nationalitéit sinn dobäi als Lëtzebuerger matgezielt ginn. A sechs Gemenge gëtt net gewielt, well sech manner oder d’selwecht vill Kandidate presentéiert hunn, wéi kënne gewielt ginn. Betraff sinn d’Gemenge Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Weiler-zum-Tuer a Wanseler.
Dës Informatioune liwwert den Inneministère e Mëttwoch de Mëtteg. Op ee Fichier mat enger Rei zousätzlechen Informatioune ronderëm d’Wale kann een iwwert de Portail Open Data zougräifen.
Sollt Dir nach Fotoen noreeche wëllen, mellt et bei eis per Mail op walen23[at]rtl.lu