DP-Bilan Chamber"Koalitiounsaccord gëtt kloer a mat vill Blo ëmgesat"

Pit Everling
François Aulner
Kuerz virun der Summervakanz gëtt de politesche Bilan gezunn. D'DP-Fraktioun huet op der Schéiss zeréckgekuckt, op eng kuerz awer intensiv Sessioun.
DP-Bilan Chamber
Kuerz virun der Summervakanz gëtt de politesche Bilan gezunn. D'DP-Fraktioun huet op der Schéiss zeréck gekuckt, op eng kuerz awer intensiv Sessioun.

Wat d'Zukunft ugeet, géing ee mat Spaass a Freed de Koalitiounsaccord ëmsetzen. "Well an deem Accord ass ganz vill blo dran. Kapitelen ewéi d'Mobilitéit oder d'Digitalisatioun si praktesch e "Copy-Paste" vum Wahlprogramm", esou de Fraktiounschef Eugène Berger.

DP-Bilan Chamber - Reportage Pit Everling

Den Highlight wier bis ewell fir d'DP-Fraktioun de Budget 2019 gewiescht, net nëmme well mam André Bauler de Rapporter aus den eegene Reie koum, ma och well hei schonn eng Rei wichteg Mesuren aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat goufen.

A Propos Koalitioun: Vu datt d'DP mat am blo-rout-grénge Boot sëtzt, koum wéi erwaart keng gréisser Kritike vun der liberaler Fraktioun un der Regierung. "Natierlech huet all Minister säin eegene Stil fir Dossieren unzegoen. Wat zielt ass dat de Koalitiounsaccord ëmgesat gëtt", esou den Eugène Berger.

Ass d'Klima bannent der Majoritéit also nach gutt? Excellent wier dat, äntwert de Fraktiounschef Eugène Berger. Dës Legislaturperiod géif ee ganz sécher zu 3 iwwerstoen.

Mat Skepsis kuckt ee bei deene Bloen awer eriwwer op d'Oppositiounsbänk bei déi Orange. Datt d'CSV elo géing d'Verfassungsreform a Fro stellen, wier net nozevollzéien. Eugène Berger: "Zentimeter virun der Ligne d'arrivée huet se elo praktesch alles futtigemaach. Dem Papp vun der Verfassungsreform Paul-Henri Meyers hätt d'CSV e politeschen Dolch-Stouss an de Réck versat."

D'CSV verlaangt jo e Referendum zu eenzele Punkten. D'DP seet, datt ee sech un dat géing halen, wat ofgemaach wier, d'Pandora-Béchs sollt net méi opgemaach ginn.

Wichteg Dossiere fir d'Zukunft si fir déi Blo zum Beispill déi zweet Steierreform an elo méi kuerzfristeg d'Reform vum Stage an der Fonction publique, natierlech misst een an den nächste Méint och dat waarmt Eisen „Fichier central“ upaken, esou nach den Eugène Berger: "All déi Fichieren an Donnéeën, déi beim Staat erhuewe ginn, musse konform sinn zu den zwéin Dateschutzgesetzer vun 2018. Et ass net méi an net manner."

Back to Top
CIM LOGO