No Kriticken am NeijoerschinterviewKoalitiounspartner reagéieren op Aussoe vum Xavier Bettel

Marc Hoscheid
Am Neijoerschinterview op RTL-Télé huet de Premier Xavier Bettel dezent Kriticken un LSAP an déi Gréng placéiert. Déi weise sech deels liicht irritéiert.

Den 1. Januar war et am Neijoerschinterview vun RTL ee politesche Réck- an Ausbléck vum Premierminister Xavier Bettel. Hien huet d’Politik vun de leschte Jore verdeedegt an ënnerstrach, datt hien hofft, datt d’Stëmmung an der “Regierungsfamill” net negativ duerch de Walkampf beaflosst wäert ginn. Ma trotzdeem huet de liberale Premier et sech net huele gelooss, déi eng oder aner Kritik a Richtung vun de Koalitiounspartner, virun allem vun der LSAP, ze formuléieren respektiv rout Linnen ze zéien.

Besonnesch wichteg war et dem Premier ze ënnersträichen, datt et mat him a senger Partei keng Verkierzung vun der Aarbechtszäit wäert ginn. Et géif um Aarbechtsmarché am Moment souwisou schonn u Leit feelen. Bei manner Aarbechtszäit géingen awer méi Leit gebraucht ginn, wat och zu méi Stau op de Stroosse féiere géing. De Xavier Bettel setzt éischter op eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit. Dës misst wéi ee Menü geréiert ginn, bei deem een déi verschidde Bestanddeeler ëmmer nees ännere kéint. Dat kulinarescht Bild ass dem sozialisteschen Aarbechtsminister Georges Engel duerchaus sympathesch. Bei der Flexibiliséierung wier et awer wichteg opzepassen, datt déi souwuel fir d’Patronen wéi och fir d’Salariéeën Virdeeler mat sech bréngt. Fir ze verhënneren, datt déi Diskussioun emotional gefouert gëtt, hat een d’lescht Joer eng Etüde an Optrag gi fir d’Vir- an d’Nodeeler vun enger Aarbechtszäitverkierzung ze ermëttelen. D’Resultater vun där Etüd sollen am Ufank vun dësem Joer virleien, wéini genee weess den Aarbechtsminister awer net.

Paulette Lenert fir Diskussiounen iwwert den Index

Ob d’d’Deckelung vum Index ee Walkampfsujet wäert ginn, weess de Xavier Bettel net. Hie wollt et am Interview net ausschléissen, ma wärend den Tripartiteverhandlungen hätte virun allem d’Gewerkschafte him kloer signaliséiert, datt si géint eng Deckelung wieren. Déi sozialistesch Vize-Premierministesch Paulette Lenert weist sech op Nofro hi par Konter oppe fir eng Diskussioun doriwwer, ob a wéi een d’Instrument vum Index iwwerdenke kann. Si stellt awer och kloer, datt hir Partei sech aktuell net fir eng Deckelung ausschwätzt an een och keng Virstellung vun engem konkrete Montant huet. Et wéilt een einfach eng generell Diskussioun mat oppenem Ausgank. Grat an esou onsécheren Zäite sollt ee keng Tabuen hunn. D’Paulette Lenert ënnersträicht och, datt den Index net isoléiert gekuckt dierft ginn. E géing nämlech och mat enger Steierreform zesummenhänken. Déi misst et an der nächster Legislaturperiod definitiv eng ginn. Et sollt ee sech och vun der Iddi léisen, datt bei enger Steierreform keen eppes verléieren dierft. Et misst vill méi zu enger Ëmverdeelung vun uewen no ënne kommen, dat beispillsweis duerch d’Aféiere vun neie Steiertranchen*.

Am Neijoerschinterview huet de Xavier Bettel wéineg iwwerraschend erkläert, datt hien no de Chamberwalen am Oktober Premierminister bleiwe wëllt. Hien huet awer och duerchblécke gelooss, datt hie sech virstelle kéint als “einfache” Minister an eng Regierung ze goen, wann d’Ambiance tëscht de Partner da stëmme géing. Ob dat eventuell ënnert enger Premierministesch Paulette Lenert kéint sinn, ass nach net gewosst. D’Gesondheetsministesch huet nach ëmmer net offiziell annoncéiert, ob si als Spëtzekandidatin mat an d’Wale geet. Et schéngt awer dorop eraus ze lafen an d’Annonce dierft net méi laang op sech waarde loossen.

Mat Bléck op d’Situatioun am Logement huet de Xavier Bettel kritiséiert, datt de Pensiounsfong an de leschten zéng Joer net genuch an dee Beräich investéiert hätt. Et wieren ze vill Suen a fossil Energien amplaz an de Wunnmarché gefloss. Hien hätt keen Afloss op déi Decisioun gehat, well hien net an den entspriechende Gremie sëtze géing. De Claude Haagen ass als Minister vun der Sécurité sociale zoustänneg fir de Pensiounsfong. Den LSAP-Minister ënnersträicht op Nofro hin, datt de Fong och a Wunnengsbau investéiere géing. An Zukunft sollt och verstäerkt an de Bau vun administrative Gebaier investéiert ginn, ee positiivt Beispill wier d’Cité vun der Sécurité sociale. Et wier och normal, datt de Premier bei deem breet opgestallte Portfolio vum Pensiounsfong net de kompletten Iwwerbléck hätt. De Claude Haagen verweist och dorop, datt hien Ufank Dezember een Debat de consultation an der Chamber iwwert d’Investitiounspolitik vum Pensiounsfong ugefrot hat. Wéini deen Debat wäert sinn, ass nach net gewosst.

Keng gutt Zensur fir den Henri Kox

Ma och de grénge Logementsminister Henri Kox krut vum Xavier Bettel net déi beschten Zensur ausgestallt. Virun allem d’Mietgesetz war an de leschte Woche vu ville Säiten deels schaarf kritiséiert ginn, well et d’Loyerspräisser an d’Luucht an d’Aktivitéit um Bau no ënnen drécke géif. De Premier bezeechent verschidde vun den Decisiounen, déi rezent geholl goufen an hir Kommunikatioun als “net déi opportuunst”. Virun allem well d’Zënsen immens héich wieren an huet kloergestallt, dat déi deponéiert Gesetzestexter net a Stee gemeesselt wieren. Als nächst géing de Logementsminister den Tour mat den Acteure vum Terrain maachen an dono nei Propose presentéieren. Den Henri Kox wollt d’Aussoe vum Xavier Bettel op Nofro hin iwwerdeems net kommentéieren.

Geschwat huet par Konter de grénge Co-Parteipresident Meris Sehovic. De Xavier Bettel hat mat Bléck op gréng Finanzen an d’Industrie virun enger Revolutioun gewarnt. Et misst een de Wee hin zu enger méi nohalteger Gesellschaft Schrëtt fir Schrëtt goen. Anescht wier et d’Gefor, datt virun allem Fongen dem Grand-Duché de Réck dréien an an d’Ausland ofwandere kéinten. Och wann de Premier déi gréng net ernimmt huet, schéngen des Aussoen awer un d’Adress vum klengste Koalitiounspartner ze goen.

“Natierlech ass ee liberale Premierminister kee Gréngen”

De Meris Sehovic fillt sech zwar net ugegraff, mee et wier eben einfach esou, datt et tëscht de Parteien Ënnerscheeder géing ginn. “Natierlech ass ee liberale Premierminister kee Gréngen”, esou de Meris Sehovic. Als Gréng géing een a verschiddene Beräicher gäre méi wäit goen, well een, anescht wéi eng DP, der Meenung wier, datt d’Politik proaktiv Responsabilitéit huele misst, fir en ekonomesche Kader ze setzen. Et misste virun allem an Innovatiounen investéiert ginn, fir datt Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ass. Den Henri Kox hëlt hie géint d’Kriticke aus de leschte Wochen a Schutz. De Logementsminister hätt villes an Ugrëff geholl an seng Politik géing Äntwerten op d’Erausfuerderunge vun der Géigewaart liwweren.

Et bleift ofzewaarden, ob dem Premier Bettel säi Wonsch no enger gudder Stëmmung an der Regierung bis zu Wale an Erfëllung goe wäert. Dat dierft wuel och dervun ofhänken, wat de Premier an zukünftegen Interviewe soe wäert.

*An der éischter Versioun vum Artikel hat d’Paulette Lenert vun enger neier “Steierklass” geschwat. Gemengt hat si awer “Steiertranchen”.

Kuckt hei nach eng Kéier dee ganzen Neijoerschinterview am Replay:

Neijoerschinterview: E Réck- an Ausbléck mam Premier
De Xavier Bettel bléckt am Interview op dat vergaangent Joer zréck a gëtt en Ausbléck op 2023, dat am Zeeche vun de Gemengewalen an den nationale Wale steet.

Back to Top
CIM LOGO