CGDISKollisioun tëscht 2 Autoen a Brand op engem Feld

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war de CGDIS ënner anerem bei engem Accident zu Rodange am Asaz.

Hei hate sech géint 18.30 Auer an der Rue du Klopp 2 Autoen ze pake kritt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Secouristen aus den Asazzentere Suessem-Déifferdeng a Péiteng waren op der Plaz.

Kuerz virun 19 Auer hat tëscht Ueschdref an Heeschpelt e Feld gebrannt D’Pompjeeë vu Rammerech, aus der Stauséi-Gemeng, vu Bauschelt, Gréiwels an Alebesch waren am Asaz fir d’Feier ze läschen. Et gouf kee blesséiert.

En Donneschdeg de Moie kuerz no 8 Auer hat sech op der A7 op der Héicht Colmer-Bierg en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren de Samu aus der Stad, grad ewéi d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad, vu Colmer-Bierg a Biissen.

Back to Top
CIM LOGO