CGDISKollisioun tëscht 2 Autoen op der A3 - 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend kuerz virun Hallefnuecht koum et op der A3 tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz zu engem Accident tëscht 2 Autoen.

Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Beetebuerg an Diddeleng, grad wéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg an dem Réiserbann.

Um Mëttwoch de Moie géint 5.45 Auer gouf et en Accident tëscht Dikrech an dem Fridhaff, woura just 1 Auto involvéiert war. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Kuerz no 9 Auer sinn 2 Autoen tëscht Kräizerbuch a Schweech aneneegerannt. Och hei gouf 1 Persoun liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO