Keng BlesséierterKollisioun tëscht 2 Autoen op der B7

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch koum et am spéiden Nomëtteg op der B7 tëscht Ettelbréck an der Sortie Angelduerf zu engem Accident tëscht 2 Gefierer.
© Domingos Oliveira

Duerch d’Kollisioun waren zwou vun dräi Spuere fir eng Zäit blockéiert. Op der Plaz huet et gestaut. Beim Accident gouf keng Persoun blesséiert.

© Domingos Oliveira

Wéi d’Police e Mëttwoch gemellt huet, koum et och zu Bartreng tëscht dem Rond-point bei den “Thermes” an der Industriezon Bourmicht zu engem Accident (CR230). Zwee Autoe waren um CR230 e Mëttwoch am fréien Nomëtteg net laanschtenee komm. D’Strooss war zäitweis zum Deel blockéiert. D’Police hat dozou opgeruff, d’Streck am beschten ze evitéieren.

En Donneschdeg huet d’Police weider Detailer zum Accident matgedeelt. Ee vun de Chauffere koum no eng éischter medezinescher Versuergung op der Plaz mat schwéiere Blessuren an d’Spidol. Deen anere Chauffer, souwéi d’Bäifuerer koume fir eng Kontroll och an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO