Tëscht Gréiwels a KietschtKollisioun tëscht 2 Gefierer - 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend koum et bei Gréiwels op der Héicht vun der Kräizung tëscht dem CR308 an dem CR307 zu engem Autosaccident.
© Domingos Oliveira / RTL

Aus bis ewell onbekannte Grënn krute sech zwee Gefierer ze paken. Ee Gefier ass dobäi op der Säit am Gruef vun der Strooss leie bliwwen.

Éischten Informatiounen no goufen zwou Persoune beim Accident blesséiert.

Op der Plaz waren zwou Ambulanzen, de Samu an de CIS Gréiwels a Kietscht.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO