"Wiltinger Kupp" (D)Kollisioun tëscht 3 Gefierer - 2 Lëtzebuerger goufe blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg géint 16 Auer koum et tëscht Konz a Wiltingen zu engem Accident mat 3 Gefierer.
© INPUT-Presse

Heibäi goufen 2 Persounen aus Lëtzebuerg verwonnt. Den Informatioune vun der däitscher Police no huet den éischten Auto missen ofbremsen an déi zwee aner Ween sinn hannendrop gerannt.

Verwonnt goufen déi zwee Lëtzebuerger, déi am Auto an der Mëtt waren. Allebéid goufe se op der Plaz behandelt a koumen uschléissend an d'Spidol.

D'Streck war komplett fir den Trafic gespaart.

© INPUT-Presse

Back to Top
CIM LOGO