
Zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss koume kuerz virun 12 Auer e Motorradsfuerer an e Cyclist net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Fréiseng, Uespelt an Diddeleng versuergt.
Zu Eschduerf hat et kuerz viru 15 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vum Alebesch waren um Asaz.