Den Automobilist ass iwwert d'Gleiser gefuer, obwuel d'Luuchte rout an d'Barrièren amgaange waren, erofzegoen. Wéi hien den Zuch aus Richtung Walfer ëmmer méi no komme gesinn huet, ass de Mann no hanne gefuer. Obwuel den Zuch eng Noutbremsung gemaach huet, krut d'Maschinn den Auto ze paken. De Won gouf duerch d'Barrière op den Trottoir geschleidert. Den Auto gouf komplett zerstéiert, de Fuerer gouf net blesséiert. Och den Zuchchauffer an déi 5 Passagéier an der Maschinn goufen net verwonnt. Den Automobilist hat de Poliziste géintiwwer direkt zouginn, ënner Alkoholafloss gefuer ze sinn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. Hie krut e Fuerverbuet a misst säi Permis op der Plaz ofginn.
D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz, grad ewéi de Samu Sud.
Am Laf vum Dag gouf et da weider Accidenter, wou awer all Kéiers eng Persoun blesséiert gouf. Zu Weyler, bei Jonglënster war e Motocyclist gefall, tëscht Lauterbuer an Iechternach waren zwee Autoen anenee gerannt, tëscht Steebrécken a Wickreng sinn en Auto an e Moto net laanschtenee komm an op der A4 Richtung Stad, op der Héicht Féiz, war e Gefier an d'Ofspärung gerannt.