
Beim Accident sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Eng Spuer gouf fir den Trafic gespaart, deemno gouf et Perturbatiounen am Trafic.
De Mëttwoch de Moie kuerz viru 7 Auer ass zu Esch e Motocyclist gefall a gouf blesséiert. Och an der Kautebaach gouf et géint 7.20 Auer ee Blesséierte bei enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer.
Op der A6 op der Héicht vu Stengefort si géint 9.20 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Hei mellt de CGDIS 2 Verwonnter.