5 BlesséierterKollisiounen, Auto am Gruef an Auto op der Kopp - et war bëssen eppes lass

Andy Brücker
Um Donneschdegowend an e Freideg de Moie gouf et eng Partie Accidenter mat Blesséierten.
© Laurent Weber

En Donneschdeg den Owend géint 20:50 Auer sinn tëscht Munneref an der Ellenger Gare zwee Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe bei deem Accident verwonnt.

Géint 21:40 Auer huet op der Streck tëscht Koplescht a Schëndels en Automobilist mat sengem Gefier en Déier ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz no 22 Auer ass tëscht dem Roudenhaff an dem Vesquenhaff en Auto am Gruef gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz no 4 Auer um Freideg de Moien ass tëscht Beyren a Menster en Auto op der Kopp gelant an eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz virun hallwer 7 koum et dann an der Route de Bascharage zu Hautcharage zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Dräi Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch, Déifferdeng a Käerjeng-Péiteng.

Back to Top
CIM LOGO