Rendemente waren héichKompensatiounsfong huet 2023 e Rendement vun 10,4% notéiert

RTL Lëtzebuerg
De Kompensatiounsfong, op jidder Fall de Sicav vum Fong, huet d’lescht Joer e Rendement vun 10,4% erreecht, esou de Fong, deen d’Rentereserv geréiert.

Dës Reserv dierft nees op den Niveau vun 2021 kommen. D’Joer duerno, 2022, hat de Sicav vum Kompensatiounsfong nämlech fir d’éischte Kéier, zanter datt et e gëtt, zanter den 80er Joren, eng kloer Perte gemaach. 2017 gouf et schonn eng kleng. Den deemolege Sozialminister Claude Haagen hat awer erkläert, datt et sech just ëm Wäerter handelt, soulaang een näischt verkeeft.

Dat erëm gutt Resultat 2023 wier op Aktien zeréckzeféieren, déi u Wäert gewonnen hunn. D’Performance um Niveau vun den Aktië wier 17%.

D’Rendemente waren héich, well d’Inflatioun ofgeholl huet a well et en “Iwwermutt” bei den Investisseure gi wier par rapport zur kënschtlecher Intelligenz an déi sougenannt “Magnificent Seven”, also Google, Amazon, Apple, Meta, Microsoft, Nvidia an Tesla. Sou gëtt de President vum Kompensatiounsfong Alain Reuter am Communiqué zitéiert. Wat d’Placementer an Immobilien ugeet, déi wiere par konter ëm 10% zeréckgaangen, mee déi maachen e relativ klengen Undeel vun de Placementer vum Fong aus.

D’Rentereserv louch déi lescht Joren ëm déi 25 Milliarden Euro, wat ronn 4 Mol dem Montant vun de Joresausgabe vun der Pensiounskeess entsprécht. Dës Reserv ass gesetzlech virgesinn, mee gëllt just als Puffer. De Projektioune vun der Inspection générale de la sécurité sociale no, wier d’Reserv bei onverännerter Politik an am probabelsten Zenario, am Joer 2047 opgebraucht.

Back to Top
CIM LOGO