LSAP an CSVPensiounen a Reserven: Kee Grond zur Panik

Fanny Kinsch
De Kompensatiounsfong huet Enn d’lescht Joer en Defizit vun 3,15 Milliarden Euro * ugewisen.
Pensiounen a Reserven: Kee Grond zur Panik
De Kompensatiounsfong huet Enn d’lescht Joer en Defizit vun 3,17 Milliarden Euro ugewisen.

*An enger éischter Versioun hu mer vun engem Defizit vun 3,17 Milliarden Euro geschriwwen. Richteg ass: D’Sicav vum Fong huet deen Defizit gemaach iwwerdeems en als Ganzt 3,15 Milliarden Defizit gemaach huet.

Den LSAP-Sozialminister Claude Haagen an den CSV-Deputéierte Marc Spautz berouegen: Et gëtt kee Grond fir sech Suergen ze maachen. Datt de Fong, deen d’Rentereserve geréiert, um 31. Dezember 2022 defizitär war, heescht net, datt een eppes verluer hätt, esou de Claude Haagen: “Et ass näischt verkaaft ginn. Et ass just eng Schätzung, eng Evaluatioun gemaach ginn, esou ewéi een dat an der Comptabilitéit mécht”. U sech hätt de Kompensatiounsfong am internationale Verglach hutt ofgeschnidden, sou de sozialistesche Sozialminister. An den éischte 6 Méint vun dësem Joer, hunn d’Wäerter vun de Placementer vum Kompensatiounsfong och schonn nees e Plus vun 1,3 Milliard Euro opweises. Wéinst der Kritik, datt a fossil Energie investéiert gouf, soll déi nei Investitiounsstrategie elo konform mam Paräisser Klimaaccord sinn.

De Marc Spautz seet, et misst ee kucken, ewéi déi nei Strategie sech an den nächste Joren néierschléit. D’CSV géing och voll a ganz hannert dem Klimaaccord stoen, mee fir de Kompensatiounsfong wier och den Assuré d’Prioritéit.

Keng Angscht, seet och hei de Claude Haagen. “Dat gëtt zesumme mat de Gestionnaire (vum Fong) esou gekuckt, datt mer och do déi Rentabilitéit dran hunn, déi mir virgesinn hunn”, sou de Sozialminister.

De Claude Haagen an de Marc Spautz gesinn och guer kee Besoin fir um Pensiounsystem ze fréckelen. Aktuell kéime nach ëmmer méi Suen eran ewéi der erausginn. Dem technesche Bilan vum Pensiounssystem no, deen zejoert gemaach gi war, ass de System bis 2041 am Equiliber. Virausgesat den Emploi géing all Joer weider iwwer 2% wuessen. Béid LSAP- an CSV-Politiker soen, wéi ëmmer nees déi läscht Joren: et muss een d’Entwécklung natierlech am A behalen. Mee keen huet eng Glaskugel.

Back to Top
CIM LOGO