28. AbrëllKomplementarwalen an der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes

RTL Lëtzebuerg
Nieft den Europawalen am Juni sinn et sonndes den 28. Abrëll och nach Komplementarwalen.

Grond ass d’Demissioun vum Conseiller Mike Molling wéinst Incompatibilitéits-Grënn mat sengem Fonctionnaires-Beruff. Duerfir muss fir d’Sektioun Waldbriedemes en neie Conseiller gewielt ginn - et hu sech 7 Kandidate gemellt, dorënner déi fréier Gemengerotsmembere Philippe Rennel a Gaston Knepper, déi zejoert net zeréckgewielt gi war. Och de Jean-Claude Silvestrini, deen Zweetleschte bei de Walen zejoert gouf, stellt sech nach emol de knapp 2.000 Wieler.

Déi aner Kandidaten sinn de Joe Bleser, de Nelson Gunckel, d’Mariette Lippert an de Roland Milbert.

Am Conseil vun der Ostgemeng sëtzen 11 Gemengerotsmemberen. Buergermeeschter ass zanter zejoert den Toto Da Costa Araujo, deen den Duo Kütten/Wolter ofgeléist hat.

Back to Top
CIM LOGO