Am August virun 3 Joer huet de Konkurrenzrot eng sektoriell Enquête lancéiert. D’Enquête gouf wéinst der Pandemie ënnerbrach an dono relancéiert. Ewell ass et un de Konklusiounen. De Secteur wier iwwerreguléiert. Legal Restriktioune géife Konkurrenz bremsen an eng Modernisatioun vum Secteur verhënneren.
Vun den Apdikter koum ëmmer nees d’Argumentatioun, dass een ee “Service public” assuréiert an am Déngscht vun der ëffentlecher Gesondheet schafft.
Fir de Conseil de la Concurrence sinn déi Argumenter net valabel, fir den Apdiktesch-Marché net de Reegele vun der Konkurrenz ze ënnerstellen. Do bléif vill ze maachen a Saachen Effikassitéit, Reduktioun u Käschten, lauter Aspekter, déi um Enn dem Patient géifen ze gutt kommen. De Konkurrenzrot mengt, dass déi plafonéiert Präisser bei Medikamenter missten ofgeschaaft ginn. Et soll och op méi Generiquë gesat ginn.
D’Stocken u Medikamenter misste besser geréiert ginn.
Apdikter solle sech fräi implantéiere kënnen. Verschidde Medikamenter sollten och net exklusiv an Apdikte verkaf ginn.
En anere Volet wier de Verkaf vu Medikamenter via Internet. D’Apdikter sollte och weider Missioune kréien, fir ënnert anerem dem Manktem un Dokteren entgéintzewierken. Bei den Apdikter wiere se sech mat Hänn a Féiss géint déi Propositiounen.
An der Chamber sot d’Gesondheetsministesch Lenert, dass et ee ganz komplexen Dossier ass, mä dass een och bereet ass, dat Ganzt an enger Kommissioun ze diskutéieren.