Zu LëtzebuergCO2-Emissiounen am leschte Joer ëm 3,5 Prozent erofgaangen

RTL Lëtzebuerg
D'CO2-Emissioune konnten dem Ëmweltsministère no op en Neits reduzéiert ginn, an dat souguer méi wéi ufanks erwaart.
© AFP

Dem provisoresche Bilan vum Ëmweltministère no sinn d‘CO2-Emissiounen, déi zejoert hei am Land ausgestouss goufen, ëm 3,5 Prozent am Verglach mam Joer virdrun erofgaangen. Am Verglach mam Referenzjoer 2005 ass et eng Baisse vu 36,4 Prozent. Dat offiziellt Zil ass et jo, bis 2030 bei Minus 55 Prozent par Rapport zu 2005 ze sinn.

Wéi aus den Zuele vum Ministère ervirgeet, läit Lëtzebuerg mat der Reduktioun vun den Emissiounen zejoert ganzer 2 Prozent ënnert dem Zil, dat ee sech fir dat Joer gesat hat. Deemno weise sech déi Responsabel vum Ëmweltministère och ganz zefridde mat dësem Tëscheresultat.

Back to Top
CIM LOGO