Urteeler um Stater GeriichtKonsequenze vum Behuele wärend der Pandemie

Diana Hoffmann
Géint véier Männer gouf e Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht en Urteel gesprach, dat wéinst hirem Verhale wärend der Covid-Pandemie.
Urteeler um Stater Geriicht: Konsequenze vum Behuele wärend der Pandemie
Géint véier Männer gouf e Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht en Urteel gesprach, dat wéinst hirem Verhale wärend der Covid-Pandemie.

Urteel géint Covid-Manifestanten / Reportage Diana Hoffmann

Viru bal genee annerhallwem Joer de 4. Dezember 2021 waren d’Demonstratioune vun den Impfgéigner a Covid-Skeptiker aus dem Rudder gelaf. Eng Partie Manifestanten hate sech onerlaabten Accès op de Chrëschtmaart verschaf, wou deen Ament d'3G-Reegel gegollt huet. Am Nomëtteg war dann och e Grupp vu Leit virun d’Haus vum Premier an dat vun der Familljeministesch gezunn, fir do ze demonstréieren. Net all d’Demonstrante ware friddlech. Dräi vun hinne kruten e Mëttwoch de Mëtteg hiert Strofmooss virum Stater Geriicht virgelies.

Ugeklot sinn si ënner anerem wéinst Beleidegung vum Premier. Zwee vun de Männer vun 25 an 33 Joer hu mat Eeër op dësem säin Haus geschoss. Wärend dem Prozess hu si sech awer asiichteg gewisen. D’Riichter hunn hei jee eng Strof vun 120 Sozialstonnen a 500 Euro gesprach. Déi Persoun, déi d’Eeër mat op d’Plaz bruecht hat, war vun der Vertriederin vum Parquet als Ustëfter vun der Aktioun ausgemaach ginn. De 46 Joer ale Mann gouf zu 200 Sozialstonnen an enger Geldstrof vun 1.000 Euro verurteelt. Den dräi Ugeklote bleiwe 40 Deeg fir an Appell ze goen.

E Mëttwoch de Mëtteg ass dann nach e weidert Urteel géint en 33 Joer alen Impfgéigner gesprach ginn. Hien hat an de soziale Medien de Premier uerg vernannt. Senger Meenung no ass dësen den Haaptverantwortleche fir d’Aféiere vun de Covid-Mesuren. Ma op verschiddene Biller huet hien och de Verglach hiergestallt, dass net-geimpfte Leit géinge wéi d’Judden am 2. Weltkrich behandelt ginn. Op diverse Posts, déi hien den Dag vum Prozess nach net geläscht hat, huet hien och den Holocaust verharmloost. Den Ugeklote huet gesot, hie wéisst d’Passwuert vu sengem Account net méi. D’Riichter hunn an dëser Affär 1 Joer Prisong op Sursis festgehalen, souwéi eng Geldstrof vun 1.500 Euro. Wärend engem Sursis probatoire vu 5 Joer muss den Ugekloten sech un Oplagen halen, wéi eng Aarbecht sichen oder eng Formatioun maachen. Och hei bleiwen 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO