
Op Nofro hin huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Mëttwoch de Moien um City Breakfast gesot, datt de Schäfferot recommandéiere géif, datt dëse Kontrakt weider gefouert gëtt, et géif nämlech keng Ursaach ginn, dat net ze maachen. D'Lydie Polfer huet awer anengems op d'nächst Woch verwisen, wou de Schäfferot e sougenannten Comité de prévention communale aberuff huet. D'Analys wier zwar scho vum Schäfferot gemaach, mee et wéilt een den Diskussioune vun nächster Woch net virgräifen, huet d'Stater Buergermeeschtesch betount.
Egal wéi, muss de Kontrakt fir d'Security-Leit, déi op der Gare a Bouneweg am Asaz sinn, nom Februar nei ausgeschriwwe ginn.
Den Engagement vun der privater Sécherheetsfirma hat jo fir eng gréisser Polemik mam Police-Minister Henri Kox gesuergt, well et u sech nëmmen d'Police ass, déi am ëffentleche Raum kann intervenéieren. Den Ament gëtt och un enger Reform vum Gardiennage-Gesetz geschafft.
Donieft goung et um éischte City Breakfast vum Joer och ëm d'Ënnerstëtzung vun de Stater Geschäftsleit.
Nieft de Bongen an Aidë vun zejoert, huet de Schäfferot op en Neits decidéiert, do, wou si Proprietär sinn, op d'Loyeren ze verzichten. Konkret geet et ëm 30 Commercen. Fir d'Geschäfter waren et jo 3 Wochen, an deene se hu missen zoumaachen. Bei de Caféen a Restauranten ass elo mol d'Zäit vun Enn November bis Enn Januar. Et gëtt awer en Ënnerscheed gemaach tëscht deene Restauranten, déi komplett zou hunn an deenen, déi nach ausliwweren.
"Déi Restauranten, déi en Take-out haten - där goufen et der eng Rei - do verzichten mer nëmmen op d'Hallschent vum Loyer.", esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Dat mécht dann eng Zomm vu 94.000 Euro aus, déi d'Stad net u Loyer freet, betount den CSV-Schäffe Serge Wilmes.
"Lescht Joer waren et insgesamt 215.000 Euro, do war natierlech och méi laang zou. Lo kucke mer mol, wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt."
Et géif een op alle Fall alles maachen, fir d'Geschäftswelt an der Stad Lëtzebuerg esou gutt et geet ze ënnerstëtzen, huet d'Lydie Polfer nach ënnerstrach.