Um CityBreakfastKontrakt mat Sécherheetsfirma gëtt net verlängert, sou d'Lydie Polfer

RTL Lëtzebuerg
D’Stad Lëtzebuerg verlängert hir Kontrakter mat der Sécherheetsfirma, déi an der Stad an zu Bouneweg aktiv war, net.

Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um CityBreakfast betount. Enn Mäerz leeft de Kontrakt aus a gëtt wéi gesot dann och net nei ausgeschriwwen. D’Société de gardiennage géif net méi gebraucht ginn, well d’Police mat Fousspatrullen aktiv wier.

Der Buergermeeschtesch no géif dëst kloer Resultater weisen. Engersäits wier et méi roueg ginn an anersäits géife vill méi punktuell Aktiounen op der Gare gemaach ginn, fir notamment d’Drogekriminalitéit an de Grëff ze kréien.

Ugeschwat op déi ëmstridden Aussoen vun der DP-Schäffin Simone Beissel iwwert Heescherten, déi fir vill Opreegung gesuergt hunn sot d’Lydie Polfer: Ech mengen, et ass alles dozou gesot. D’Madamm Beissel huet sech fir hir Wierder an den Toun entschëllegt an dat war och gutt esou. Verschidde Situatiounen, déi se beschriwwen huet, entspriechen leider der Realitéit. D’Simone Beissel hätt net am Numm vum Stater Schäfferot geschwat an dofir wier déi Affär fir d’Stater Buergermeeschtesch och erleedegt.

Den Oktavmäertche wäert dëst Joer op der Place de la Constitution bei der Gëlle Fra sinn. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer annoncéiert. De Chantier um Knuedler wier zwar fäerdeg, ma et hätt ee scho wärend den Aarbechte gesot, datt wann de Parking bis fäerdeg wier, een d’Plaz bei der Gëlle Fra wéilt autofräi maachen an dofir géif sech d’Plaz och gutt ubidden, fir zum Beispill eben den traditionelle Mäertche vun der Oktave. Donieft misst een doduerch och de Maart net op en Neits wärend dëser Zäit erëm deplacéieren. Déi Decisioun gëllt elo mol fir dëst Joer. Den Oktavmäertchen ass dëst Joer vum 20. Abrëll bis de 5. Mee.

“Et sinn endlech Neel mat Käpp gemaach ginn” huet d’Stater Buergermeeschtesch Punkto Passerell gesot, déi den Cents, d’Neiduerf an de Weimeschhaff soll matenee verbannen. D’Bréck fir Foussgänger a Cyclisten ass zanter 2007 am Gespréich an ass e Projet, deen iwwert all déi Joren nawell kontrovers diskutéiert gouf. Zejoert huet den Ëmweltministère hiren Accord fir d’Bréck ginn. Elo huet d’Lydie Polfer d’Autorisatioun ënnerschriwwen, déi 3 Méint aushänke wäert. Den Appel d’Offre wier och an der Preparatioun an d’Aarbechte solle viraussiichtlech am Hierscht ufänken an 3 Joer daueren.

Back to Top
CIM LOGO