D’Energieministere vun der internationaler Energieagence sinn zu Paräis zesummekomm, fir doriwwer ze beroden, wéi ee manner ofhängeg vum russesche Petrol gëtt, ma och insgesamt bei der energetescher Transitioun Richtung erneierbar Energie virukënnt. Scho virun enger Woch hat déi international Energieagence en 10-Punkten-Plang presentéiert. Deen haut vun den 30 Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, guttgeheescht gouf.

D’amerikanesch Energieministesch, Jennifer Granholm, sot, datt ee weider Efforte misst maache bei den erneierbaren Energien, ma een och elo kuerzfristeg misst garantéieren, datt genuch Gas a Pëtrol do wier.
D’Regierung huet annoncéiert, datt de Sprit soll 7,5 Cent de Liter méi bëlleg ginn. D’Nopeschlänner ginn hei zum Deel méi wäit. An der Belsch ass et e Minus vu ronn 17c, a Frankräich 15c an Däitschland ass et eng Reduktioun vu 14c um Diesel a ronn 30c um Bensin.
Am RTL-Interview sot den Energieminister Claude Turmes, datt een d’Präisser genee mat den Nopeschlänner vergläicht. Et kéint net sinn, datt um Enn d’Leit op Tréier oder Arel tanke ginn, well et do méi bëlleg ass.