
Eng Koppel ass net méi aus eegener Kraaft aus hirem Haus erauskomm, well d'Waasser vun der Sauer dëst verhënnert huet. En Dënschdeg am spéiden Owend konnt Koppel dunn duerch eng gemeinsam Interventioun vum CIS Reisduerf, Taucher an de Pelotonscheffen aus der Ostregioun befreit ginn.