
D'Sécherheetspersonal huet gesinn, wéi ee vun hinnen en Handy aus dem Regal geholl huet an un den anere weiderginn huet. Den Handy ass dunn ënnert der Jackett verschwonnen.
Wéi se aus dem Geschäft goe wollten, ass den Alarm lassgaangen. Béid Persoune hu sech zwar gewiert, ma konnten awer vum Sécherheetspersonal festgehale ginn, bis d'Police op der Plaz war.
D'Fra hat den Handy bei sech a gouf festgeholl. Si hat e Méindeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. De Kompliz gouf protokolléiert.