
Et goufen ënner anerem Sue mat der Kaart opgehuewen. De presuméierten Täter gouf dobäi och gefilmt. Wéini dat ganzt geschitt ass, präziséiert d'Police net.
Leit déi de Mann kennen oder soss nëtzlech Informatiounen iwwert den Tëschefall hunn, solle sech w.e.g. bei der Police an der Stad mellen, dëst um Telefon (+352) 244 40 4500.