Bis 1963 war et duerch déi Kathoulesch Kierch am Grand-Duché verbueden, Leit anzeäscheren. 1972 koum dunn e Gesetz, fir d‘Anäscherung offiziell unzëerkennen an och gläichzesetzen mat engem Begriefnis. 1973 gouf d‘Anäscherung dunn och vun der Kierch unerkannt a schliisslech huet et nach iwwer 20 Joer gedauert, bis zu Hamm den eenzegen Krematorium um Lëtzebuerger Territoire entstanen ass. Ma ginn d‘Capacitéiten fir eise Bevëlkerungswuesstem iwwerhaapt nach duer?
Virun Joerzéngten nach net erlaabt, ma mëttlerweil ginn zu Lëtzebuerg ronn 70 Prozent vun de Leit ageäschert. Vum 5. Oktober 1995 bis den 31. Januar dëst Joer waren et am ganzen 63.669 Persounen, erkläert d’Steffi Weigel, Chargée de direction vum Crematoire.
“Mir sinn op jidder Fall gutt equipéiert. Mir kréien dëst Joer eisen zweeten neien Uewen. Do fänken d‘Aarbechten elo deemnächst un an dee soll Enn des Joers fäerdeg ginn, sou dass mer vun 60 op 75 Anäscherungen d‘Woch kënnen eropgoen. An do sinn mer fir déi nächst Jore gutt gerëscht, well mir schaffen och den Ament op enger Schicht. An do ass nach vill Capacitéit no uewen.”
Déi nei Iewe sinn net vu Muttwëll. An de leschte Joren hätt een nämlech vill Problemer gehat, well d’Leit ëmmer méi schwéier ginn.
“Eisen alen Uewen, dee konnt just bis 130 Kilo mam Sarg anäscheren. Dat heescht eng normal Persoun, 80 Kilo an de Sarg weit tëscht 30 a 40 Kilo, da si mer scho bei enger Limitt. Mat eisem neien Uewen kënne mer den Ament Leit bis 350 Kilo anäscheren.“
Déi ganze Anäscherung dauert am Schnëtt 3 Stonnen. Dovunner ass de Verbrennungsprozess mol méi laang wann eng Persoun méi schwéier oder krank war an zum Beispill Chemotherapie krut oder vill Medikamenter geholl huet. A mol manner laang, wa se méi liicht oder méi kleng war.
“An enger zweeter Etapp ginn déi graff Schanken, déi iwwereg bleiwen, d’Becken-Schanken déi verbrennen beim éischte Prozess net, mat. Déi ginn an enger zweeter Phase nach eng Kéier nogebrannt. An an enger drëtter Phase ginn d’Iwwerreschter gekillt an uschléissend kommen se an eis Asche-Aufbereitungs-Anlag.”
Nieft den Anäscherungen ginn zu Hamm och ëmmer méi Leit verstreet an ëmmer méi Zeremonien ofgehalen. Do feelt et awer aktuell u Plaz, erkläert den Tom Jungen, President vum S.I.C.E.C., dem Syndicat intercommunal, dee sech ëm d‘Gestioun an den Entretien vum Crematoire këmmert.
“Richteg ass, dass mer eis een zousätzlechen Zeremonien- an Waardesall ginn. An donieft hu mer duerno och nach eng Raimlechkeet, déi méi flexibel ass. Wann et wierklech drop ukéim, kéinten mer do och nach eng drëtt Zeremonie parallel maachen. [...]A wärend der Chantiersphas, wou gehummert gëtt, wäerten mer och mussen aner Weeër goe fir Zeremonien ze maachen. An där Zäit wäerte mer méi op d‘Streewisen an op d‘Raimlechkeeten, déi mer am Gros vun de Gemengen hei zu Lëtzebuerg mëttlerweil hunn, zeréckgräifen.“
Donieft kënnt och eng weider Wiss op där Leit verstreet kënne ginn derbäi an d’Frigos-Capacitéiten am Crematoire wäerte mam grousse Chantier verduebelt ginn.