Esch ass net d’Crime city, dat sot den Escher Buergermeeschter Christian Weis en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, als Reaktioun op een déidleche Sträit tëscht zwee Männer Enn Mäerz. Ma och wann Esch net méi geféierlech wéi vergläichbar Stied wier, géing et awer Problemer ginn. Fir d’Liewensqualitéit ze verbesseren, setzt een iwwerdeems op méi Biergerbedeelegung.
Mee ugefaange mam Thema Sécherheet. D’Policestatistik géing zwar weisen, datt et bei de constatéierten Infraktiounen eng Tendenz no uewe gëtt, ma grad bei de grave Faite kéint een awer vun enger roueger Evolutioun schwätzen, gewalttäteg Iwwerfäll an Drogendelikter géingen esouguer zeréckgoen. Dobäi gouf an der Lescht grad de Fait thematiséiert, datt Drogekonsumenten ëmmer nees Saachen an de Schoulhäff leie loossen, déi fir Kanner extrem geféierlech kënne sinn. Dowéinst wéilt d’Gemeng an Zukunft och nach méi fir d’Sécherheet vun deene Jonke maachen, esou den Escher Buergermeeschter Christian Weis.
“Eis Schoulhäff, do hu mer Sécherheetsservicer, déi doduerch ginn, dat wäerte mer och eropschrauwen. A verschiddene Schoulhäff wäerte mer op eenzele Plaze Kameraen installéieren an dann ass et och esou, datt d’Hygièneskontroll, esouwuel vum Portier wéi och vun den Hygiènesekippe wäert eropgeschrauft ginn. Et ass och wichteg, datt mer d’Portiere weider an de Schoule behalen, fir datt déi een An drop kënne werfen, wat an der Schoul, och ausserhalb vun de Schoulzäiten, geschitt.”
Ganz positiv bewäert de Christian Weis iwwerdeems d’Lokalpolice, déi et zanter Juli 2024 um Territoire vun der Gemeng Esch gëtt. Zanterhier hätt hien als Buergermeeschter ee vill méi enke Kontakt mat der Policedirektioun, mat där et all zweet Woch eng Reunioun géing ginn. An och d’Leit géingen d’Presenz vun der Lokalpolice begréissen, well se esou ee siichtbaren Uspriechpartner hätten. Personell massiv ausbaue misst een déi Unitéit zu Esch awer net.
Wat d’Biergerbedeelegung ugeet, wëllt een zu Esch iwwerdeems nei Weeër goen. An Zesummenaarbecht mam Fuerschungsinstitut “Democracy Next” gëtt eng Assemblée citoyenne organiséiert.
“Wou mer een Tirage au sort gemaach hunn, ee stratifiéierten Tirage au sort, dat heescht, wou 40 Leit ausgeloust goufen, wou d’Geschlecht, d’Altersgruppen, d’Beruffsgruppen, d’Quartieren eigentlech deem entspriechen, wat och d’Populatioun vun der Stad Esch ass. A wou si op der enger Säit Recommandatioune sollen ausschaffen, an am Idealfall kéinte mer déi Assemblée citoyenne bäibehalen, fir datt si eis ëmmer rëm Retouren zu eiser Politik kënne ginn.”
Et waren 10.000 Leit ugeschriwwe ginn, vun deenen der iwwert 550 bereet waren, matzemaachen a vu deenen der dann ebe 40 ausgesicht goufen. De Succès vum Projet géing domadder stoen a falen, wéi d’Politik mat de Recommandatiounen ëmgeet.
Wat de Schäfferot mat senge fënnef Memberen ugeet, wäert et deemnächst zu dräi Wiessele kommen. Esouwuel den André Zwally vun der CSV wéi och de Pim Knaff vun der DP an de Meris Sehovic vun deene Grénge wäerte sech vun hire Posten zeréckzéien. Dat géing awer net op d’Käschte vun der Kontinuitéit goen.
“Fir mech als Buergermeeschter ännert dat net esouvill. Mir hunn eng Koalitioun mat dräi Partner, déi gutt zesummeschaffen, déi fair a kollegial an effektiv zesummeschaffen. Mir hu mam Koalitiounsaccord ee ganz gudde Guide an egal wie Buergermeeschter ass, egal wie Schäffen ass, egal wien am Gemengerot ass, jiddereen huet beschtméiglech dozou bäizedroen, datt dee Koalitiounsaccord ëmgesat gëtt.”
Wéini et genee zu deene Wiessele komme wäert, wollt de Gemengepapp iwwerdeems net soen. Dat public ze maachen, wier un de verschiddene Parteie respektiv Persounen.
Wat seng perséinlech politesch Zukunft ugeet, huet de Christian Weis ënnerstrach, datt hien och iwwert 2029 eraus gären Escher Buergermeeschter bleiwe géing.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.