
E Méindeg am Nomëtteg war d’Police geruff ginn, well Jugendlecher bei “Bei der Harewiss” zu Zéisseng mat Motorrieder ouni Helm an ouni Immatrikulatiounsplack d’Strooss erop- an eroffuere géifen. Eng Policepatrull war dann och séier op der Plaz a konnt déi Jugendlech untreffen, grad ewéi déi zwee Motorrieder. Et huet sech ëm sougenannten “Dirtbikes” gehandelt.
Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Motorrieder saiséiert.
Et goufe Protokoller geschriwwen, ënnert anerem well ouni Fürerschäin an ouni Assurance gefuer ginn ass.