Wann ee vun Emaische schwätzt, da schwätzt een och vun de Péckvillercher, an dovunner goufen et et vill verschiddener an der Stad. Ronn, eckeg, voller Faarwen oder einfach gehalen. Op am ganzen 22 Stänn konnt een no senger klenger Gesangsstatue sichen. Do huet jiddereen och säi ganz eegene Goût. Dat versteet een och ganz séier, wann ee bis mat puer Passante geschwat huet:
Eng Koppel ass aus Hessen komm, fir bei der Emaischen dobäi ze sinn, an dat net fir déi éischte Kéier. Fir esou Péckvillercher hierzestellen, brauch een Zäit an och Imaginatioun, erkläert d’Mara Ziegel eis:
“Wir machen ein massives Tonmodell, wie wir es haben wollen. Davon machen wir ein Gipsabdruck und mit diesem kann man dann mehrere Vögel machen. Da wird dann flüssiger Ton eingegossen. Dann hat man aber erst nur die Form. Die eigentliche Arbeit kommt danach.”
Fir d’Produktioun vun de Péckvillercher ass net nëmmen dat Visuellt wichteg, mee och d’Tounlag vum Gezwitscher muss stëmmen: “Mein Mann ist der Musiker, der stimmt die Flöten und ich male die Vögel an.”
Et goufen och vill Lokalproduktiounen um Fëschmaart. Et gëtt eng trei Clientèle fir Terracotta-Villercher. Richteg Sammler. Anerer kafe just sporadesch. Esou och um Stand, wou d’Tilly schonn zanter Jore schafft : “Se gi mat zéng, mat dräi, mat fënnef, awer wéi vill an der Quantitéit, dat kann ech net esou soen. Et ass flott, et ass een, dee kënnt ëmmer all Joers ee kafen. D’Kanner kommen, déi sichen sech een eraus.”
Mam Gewënn vun de Péckvillercher gëtt net nëmme Profit gemaach. Verschidde Stänn sinn och do, fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. Esou och um Stand vum Luc Schumacher: “Dee Gewënn kënnt dann an de Fonds social vun eiser Associatioun a mat deene maache mer eis Donen, finanziell ënnerstëtze mer Projeten, mir maachen dat reegelméisseg.”
A mat deene ville Leit, déi bei deem schéine Wieder ënnerwee waren, kann een dovunner ausgoen, dass d’Villercher mat hirem Gepäifs vill Suen an d’Nascht kruten.