CCDH an OkajuKritik um Ëmgang vun der Regierung mat den "mineurs non accompagnés"

RTL Lëtzebuerg
D'Mënscherechtskommissioun an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséieren den Ëmgang vun der Regierung mat den "mineurs non accompagnés" am Land.
© AFP

An engem oppene Bréif un den Ausseminister Jean Asselborn geet et haaptsächlech ëm d’Kommissioun, déi intervenéiert, wann e Mineur sollt zréckgeschéckt ginn an d’Land, aus deem e koum. Béid Organisatioune schwätze vun engem problematesche Fonctionement vun där Kommissioun. Ausser fir d’Demande op eng international Protektioun, sinn d’CCDH an den Okaju der Meenung, datt all d’Decisiounen iwwert e Kand net vun enger Migratiounsautoritéit geholl dierfte ginn, mee villméi vun engem Organismus, deen de Schutz vun de Kanner viséiert. Et wier wichteg, datt Memberen an där Kommissioun géife sëtzen, déi sech mat der mentaler Gesondheet an der Scolaritéit vu Mineure géifen auskennen, wat aktuell net de Fall wier. Se fuerderen dofir ënnert anerem, datt d’Memberen entspriechend forméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO