CSV an LSAPKritik un Educatiounsminister sengem Konzept fir Hausaufgabenhëllef

RTL Lëtzebuerg
Wat ass d'Plus-value vun der Hausaufgabenhëllef, déi den DP-Educatiounsminister wëll aféieren? Dës Fro stellt sech net just d'CSV, mä och d'LSAP.
© AFP

Kritik u Konzept zur Hausaufgabenhëllef / Rep. Dany Rasqué

Notamment d’CSV an d’LSAP hunn en Donneschdeg no der parlamentarescher Educatiounskommissioun kritiséiert, datt d’Konzept vum Claude Meisch net wäit genuch geet.

Chamber a Koalitiounspartner kruten dat Konzept och eréischt en Donneschdeg virgestallt, de liberale Minister hat et awer scho virun engem gudde Mount hei op der Antenn annoncéiert a viru 14 Deeg op enger Pressekonferenz presentéiert.

Eng Form iwwert déi weder d’Sozialisten nach déi Gréng glécklech sinn, zemools well d’Konzept fir d’Sozialisten net deem entsprécht, wat d’Regierungsparteien ofgemaach haten.

“Et huet mech e wéineg iwwerrascht, dass vum Ministère aus konkret gesot ginn ass, datt eigentlech dat wat am Koalitiounsaccord steet, hei net 1:1 ëmgesat gëtt.”

Am Koalitiounsaccord steet, dass d’Grondschoulen e Konzept fir d’Hausaufgabenhëllef ausschaffe sollen. Mat qualifizéiertem Personal an der Méiglechkeet, datt fräiwëlleg Iwwerstonne kéinte gemaach ginn. D’Manéier wéi den DP-Educatiounsminister Claude Meisch d’Hausaufgabenhëllef elo ëmsetzt, geet der LSAP net wäit genuch.

“D’Stéchwuert ass Hëllef an dat Konzept hei gesäit awer eigentlech eng reng Surveillance vir, wou eben d’Personal an der Maison relais just dierf oder soll dofir suergen, datt d’Kanner an der Maison relais sech dohinner sëtzen an d’Hausaufgaben effektiv maachen, se kréien awer net gehollef wa se eppes net verstinn. Dat ass awer dat wat mir eis erwaart haten. Esou dass virun allem déi Kanner déi Réckstänn hunn, gehollef kréien.”

E generaliséierte Silence wier fir d’LSAP zwar ok, mä et kéint net déi eenzeg Äntwert sinn, wann ee Chancëgerechtegkeet an der Bildungspolitik wéilt.

An déi selwecht Richtung geet d’Kritik vun der CSV. Och si bedauert, datt d’Kanner bei den Hausaufgaben u sech net gehollef kréien. D’Martine Hansen schwätzt dofir vu Schaumschléierei.

“Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt dat hei Schaumschléierei ass, well et gëtt als Hausaufgabenhëllef verkaaft an et ass erëm eng Kéier e gëllent Buch an dat wat dran ass, ass just Blech. Dat wat et ass, ass am Prinzip just eng Surveillance an déi Surveillance huet d’Maison relais schonn als Aufgab zanter engem groussherzogleche Reglement vun 2013. Wann dem Ministère elo eréischt opfält, datt d’Maison relaisen dat groussherzoglecht Reglement net alleguer ëmsetze wéi se sollen, dann huet deen 10 Joer laang gebraucht, fir dat ze maachen.”

D’Konzept, dat de Minister virgestallt huet, bedauert d’Martine Hansen, ass eng grouss Annonce, mä et stécht näischt dohannert. D’CSV kritiséiert och, datt elo réischt d’Fro vum Personal géif gekläert ginn. D’Francine Closener gëtt ze bedenken, datt et net just eng Penurie vun Enseignante gëtt, mä och vun Educateuren an der Maison relais an datt déi Strukturen elo mam gratis Iesse scho ganz vill ze stemmen hätten.

D’Piraten hunn entretemps an engem Communiqué d’Konzept als “net gutt duerchduecht” bezeechent.

Bleift nach ze präziséieren, datt d’Waljoer 2023 eng Zort Transitiounsphase ass. Den Educatiounsminister hat dofir op senger Pressekonferenz och wësse gedoen, datt bis spéitstens am September 2024 déi néideg Kompetenze fir d’Betreiung vun de Kanner vertruede sinn.

Communiqué Piraten (Hausaufgabenhëllef) 22.07.2022

Back to Top
CIM LOGO