
Nach ass seng Kandidatur net ëffentlech. Mä d’Propos vun der Parteispëtzt, de fréiere Finanzminister Luc Frieden als nationale Spëtzekandidat fir d’CSV an d’Chamberwalen ze schécken, suergt zanter eiser Nouvelle e Mëttwoch fir vill Reaktiounen. Op Twitter reprochéiert den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot dem Luc Frieden eng inakzeptabele “mélange des genres” a senger Funktioun als President vun der Chambre de Commerce.
Hie wier gefrot ginn, ob hien als Minister oder als LSAP-Vertrieder eng Politik fir den Aussenhandel gefuerdert huet, déi op Wäerter baséiere géif. Elo wéisst hien op alle Fall, datt sech de Luc Frieden also als CSV-Spëtzekandidat geäussert huet, wéi hien de Franz Fayot kritiséiert an eng reng “opportunistesch Handelspolitik” gefuerdert hätt. Onnéideg ze soen, datt de Walkampf lancéiert ass. D’CSV kënnt e Mëttwoch d’nächst Woch zesummen, fir am Nationalrot eng Decisioun an der Personalfro ze huelen.
RTL-News: An der Chamber - 9 Parteien hunn e Walkampfofkommes ënnerschriwwen