
Géif hien nach un der Spëtzt vun deem Ethikcomité stoen, schreift den Norbert Campagna e Samschdeg am Tageblatt, da géif hien de Concernéierten an eng Formatioun iwwer Moral an Ethik invitéieren. De Jean-Louis Schiltz hätt do grav Kompetenzmängel. An da kéint hien och nach eng Formatioun an der moderner Kommunikatioun kréien.
De fréieren CSV-Minister hätt weider wëlle schaffen. Dat wéilt jiddereen, sou den Norbert Campagna. Och hien als Professer, deen am Lycée wuel engem änlech héijen Infektiounsrisiko agesat wier wéi de President vum Verwaltungsrot. An awer géif et him am Dram net afalen, sech virzedrécken, schreift de Philosoph, deen dann och d'Fro stellt, a wéi wäit dann effektiv déi physesch Presenz vun engem Verwaltungsrotpresident am Spidol wierklech néideg wier, am Verglach zum medezinesche Personal. De Jean-Louis Schiltz hätt sech einfach aus Angscht impfe gelooss.
Affär HRS: Jean-Louis Schiltz: Mir hu kenge Leit eng Impfung ewechgeholl
HRS-Impf-Affär: Reaktiounen aus der Chamber