Ee Schwéierblesséierten an der StadKuerf hat sech vu Kran wärend Aarbechten u Beem geléist

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie kuerz viurn 8 Auer koum et an der Avenue Monterey an der Stad zu engem Tëschefall wärend Aarbechte u Beem.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police schreift, huet sech de Kuerf vun engem Kran geléist, nodeems en Aascht drop gefall ass. De Kuerf ass mam Aarbechter dran 8 Meter an d'Déift gefall, deen am Gaang war, Beem zeréckzeschneiden.

De Mann gouf schro verwonnt. Hie koum no enger éischter medezinescher Versuergung op der Plaz an d'Spidol. Et besteet keng Liewensgefor, sou nach d'Police.

D'ITM gouf informéiert.

Aarbechtsaccident an der Stater Avenue Monterey
---automated---

Back to Top
CIM LOGO