Engel a FayotKuerzaarbecht fir Immobiliësecteur "am Fong onméiglech"

RTL Lëtzebuerg
D’Nouvellë vu Plazenofbau bei Husky an Dupont Teijin maachen der Regierung Suergen. Et wier net déi Richtung an déi ee wéilt, datt et geet.
Am Immobiliësecteur gëtt mat Faillitten an Entloossunge gerechent
Kuerzaarbecht fir Immobiliësecteur “am Fong onméiglech”

Däischter Wolleken iwwert Immobiliësecteur - De Reportage vum François Aulner

Wéinst der Inflatioun an der Hausse vun den Zënsen als geldpolitesch Konsequenz gëtt manner gebaut. Am Immobiliësecteur gëtt mat Faillite gerechent. D’Fuerderung vun der Chambre immoblière virun zwee Méint hei op RTL, fir den Immobilienagencen Kuerzaarbecht z’accordéieren, gouf vum Konjunkturcomité en Dënschdeg verworf. De Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Aarbechtsminister Georges Engel hunn dat dësen Donneschdeg am RTL-Interview och confirméiert.

Béid LSAP Ministeren hu virop drop higewisen, datt et zu Lëtzebuerg zwou Immobilienagencë pro 1.000 Awunner géing ginn. Esou vill, ewéi néierens sos an der EU. Et wier e konkurrenzielle Marché, wou een net kéint als Staat intervenéieren, well ee soss de Marché géing verzerren. De Chômage partiel hei asetze wier “am Fong onméiglech”, sou de Franz Fayot. Natierlech wier d’Regierung net frou, wann am Bau- an Immobiliësecteur Leit hir Aarbecht verléieren. Mä vue déi grouss Margen, déi déi Betriber déi lescht Jore gemaach hätten, wier et dem Georges Engel no un de Patronen, do d’Verantwortung z’iwwerhuelen an ze probéieren, hir Leit nach un der Staang ze halen.

Wat d’Nouvellë vu Plazenofbau bei Husky an Dupont Teijin ugeet, déi maachen der Regierung Suergen. Et wier net déi Richtung an déi ee wéilt, datt et geet, sou den Aarbechtsminister Georges Engel. Hei wier d’Hoffnung iwwert e Plan de maintien dans l’emploi d’Leit op enger anerer Plaz ze beschäftegen, oder méi spéit nees astellen.

Ob ee muss mat méi Faillitten a méi Chômage an den nächste Méint rechnen? Op déi Fro huet de Franz Fayot geäntwert, datt eng allgemeng Rezessioun onwarscheinlech wier. Mä et wier kloer, datt – ewéi am Ausland – d’Ekonomie géing méi lues dréinen. Dat wier eng Konsequenz ënnert anerem vun der Geldpolitik vun den Zentralbanken, déi jo awer och néideg wier, fir d’Inflatioun ze bekämpfen. An dat hätt och rëm Konsequenzen. Dowéinst misst een iwwerall wou ee kéint déi “Korrekturen” begleeden.

Back to Top
CIM LOGO