
Haut goufen am Grand-Duché nei Gemengeréit bestëmmt. Dat och an deene 35 Nordgemengen. An de Kantoner Clierf, Dikrech, Reiden, Veianen a Wolz liewen am Ganze ronn 100.000 Leit. An 11 Gemenge gëtt nom Proporz- an a 24 nom Majorzsystem gewielt. Wärend d’Haaptdefien am ganzen Norden änlech sinn, ginn et lokal awer ganz ënnerschiddlech Ausgangslagen.
Dat zum Beispill an der Nordstad. Zu Dikrech geet et fir d’LSAP drëm, hir absolut Majoritéit vu 7 Sëtz ze verdeedegen. Op dat geléngt, schéngt awer onkloer, well mam Claude Haagen an dem René Kanivé déi zwee Beschtgewielte vun 2017 net méi mat an d’Course ginn. Sollt d’Resultat et erlaben, dierften d’CSV ronderëm de Charel Weiler an d’DP vum José Lopes eng Koalitioun agoen an d’Sozialisten no 12 Joer rëm an d’Oppositioun schécken. Sollte se just 1 Sëtz verléieren an et net fir Schwaarz-Blo duergoen, kéinten déi Rout awer och mat der Ënnerstëtzung vun deene Gréngen oder de Liberalen um Rudder bleiwen. E puer Kilometer méi wäit südlech, nämlech zu Ettelbréck, sëtzt d’LSAP mat der CSV am Schäfferot. Am Virfeld deit villes dorop hin, datt den Député-maire Jean-Paul Schaf, dee schonn zanter 20 Joer un der Spëtzt vun der Bauerestad steet, säi Poste behale kann. Et sief den LSAP-Schäffen a Spëtzekandidat Bob Steichen géing eng Koalitioun mat der DP an deene Gréngen agoen.
Net vertruede waren déi Gréng zu Wolz. Hei si mat CSV, DP an LSAP just dräi Parteien an d’Course gaangen. Och dowéinst kéint et gutt sinn, datt sech net all ze vill un de Muechtverhältnisser änneren an de sozialistesche Buergermeeschter Fränk Arndt op sengem Poste bleiwe wäert. Zanter der Fusioun vu Wolz an Eeschwëller am Joer 2015 ass d’LSAP an enger Koalitioun mat der CSV, an et schéngt ee sech nawell gutt ze verstoen. D’DP steet mat hiren 2 Mandater am Gemengerot iwwerdeems op zimmlech verluerenem Posten. Spannend wäert ze gesi sinn, ob d’Korruptiounsvirwërf géint de Fränk Arndt sech am Resultat néierschloe wäerten, oder déi ganz medial Diskussioun awer laanscht d’Leit gaangen ass.
Skurril war d’Ausgangslag an der Gemeng Parc Housen, wou zwou zimmlech ongläich Lëschte géinteneen ugetruede sinn. Wärend déi ronderëm de Buergermeeschter Romain Wester mat 11 Membere komplett war, huet d’Lëscht “De fräie Bierger” mam Jose Pedro Lourenço alias Piwi aus just engem Kandidat bestanen. Hätt hien net a leschter Minutt seng Kandidatur eragereecht, wier zu Housen guer net gewielt ginn. Dat war am Norden zu Buerschent, Viichten a Wanseler de Fall. Bei de Majorzgemenge stieche Veianen a Wäiswampech ervir. Wärend un der Our doriwwer diskutéiert gouf, ob verschidde Kandidate wierklech zu Veianen wunnen, ass et zu Wäiswampech ëm d’Successioun vum Henri Rinnen gaangen. Hie stoung zanter 1995 un der Spëtzt vun der Gemeng, wou an deene leschte Jore vill iwwert de Projet vun engem Hotel um Séi a generell iwwert d’Bautepolitik vun der Gemeng gestridde gouf. Zu Groussbus a Wal waren et iwwerdeems déi leschte Wale virun der Fusioun den 1. September. Mam Paul Engel an dem Christiane Thommes-Bach si béid Buergermeeschteren nach eng Kéier mat an d’Course gaangen.
Ee Sujet, iwwert deen am ganze Norde rezent vill diskutéiert gouf, ass d’Mobilitéit, sief et den Individualverkéier oder den ëffentlechen Transport. Virun allem den Zuchtrafic steet an der Kritik, zanter et Enn August d’lescht Joer een Äerdrutsch am Tunnel Schiebuerg gouf an d’Nordstreck dowéinst perturbéiert ass. Dës Situatioun dierft sech awer de 5. August verbesseren, wann den Tunnel rëm opgeet. Aktuell sinn, op mannst zu Dikrech an zu Ettelbréck, d’Leit nëmme bedéngt zefridden.
“Och mam Zuch, mat der Verbindung op Ettelbréck, do fiert den Zuch net ëmmer. Et ass dacks sou, datt wa mer op d’Gare kommen, da fiert keen. Da musse mer de Bus huelen, dat ass awer net sou gutt fir eis, mir fuere léiwer vun Dikrech bis an d’Stad.”
“Ech fannen dat awer och gutt, wann ech den Här Bausch hautdesdaags gesinn, zu Housen de Spuedestéch ze maache fir de Contournement. Ech hätt en awer och grad esou gär gesi beim Tunnel stoen ee Spuedestéch ze maache fir datt d’Leit rëm mam Zuch kënnen an d’Stad fueren.”
Generell ginn d’Problemer an der Mobilitéit awer wuel éischter op nationalem Plang geléist an dierften deemno och am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober diskutéiert ginn. No de Walen ass eben och ëmmer virun de Walen.