Luxairport"Laang Waardeschlaange sinn zu Lëtzebuerg keen Normalzoustand"

Jeannot Ries
De Warnstreik vum Buedempersonal vun der Lufthansa ass och zu Lëtzebuerg ze spieren.
Frust op de Fluchhäfe wéinst dem Lufthansa-Streik
De Streik vum Buedempersonal vun der Lufthansa op de Fluchhäfe Frankfurt a München bleift net ouni Konsequenze fir d’Passagéier.

Déi däitsch Fluchgesellschaft huet op de Fluchhäfe Frankfurt a München am Ganzen eng 1.000 Volle misste sträichen, dorënner 5 Verbindunge mat Lëtzebuerg an och d’Luxair huet zwee Flich an déi bayresch Haaptstad missten annuléieren. Laang Schlaangen op den däitsche Fluchhäfe ware virprogramméiert, um Findel dogéint war et - op d’mannst e Mëttwoch de Moien - roueg.

Allerdéngs huet een an deene leschte Wochen och do, déi eng oder aner Kéier méi Gedold gebraucht. Nach en Dënschdeg waren an de soziale Medie Fotoen ze gesinn, déi deem engen oder aneren Tourist d’Laun scho virum Depart hätte kënne verdierwen. Fotoe vun engem Terminal, dee struppevoll mat Leit war, déi alleguer drop gewaart hunn, fir kënnen anzechecken an duerch d’Sécherheetskontroll ze goen.

De CEO vu Luxairport, den Alexander Flassak, huet am RTL Interview verséchert, datt dat net den Normalzoustand an der Vakanzenzäit ass.

“Dat sinn eenzel Peak-Phasen. Dir schwätzt den Dënschdeg Virmëtteg un, dee relativ staark ass. Virun allem déi zweet Well vun den Departen tëschent 9.30 an 10.30 Auer ass vill Trafic. Dann ass den Terminal bannent kuerzer Zäit voll. Mir hate gëschter och déi 5 Sécherheetslinnen op, et dauert bis all d’Passagéier duerch sinn, mä dat ass net de Reegelfall. Wann der elo kuckt, gesitt der, datt den Terminal relativ eidel ass. D’Waardezäite si ganz niddereg den Ament, mä an de Peak-Phasen ass dat anescht. Dofir d’Recommandatioun a sécherheetshallwer zwou Stonne virum Depart do ze sinn.”

Luxairport huet als Exploitant vum Flughafen zu Lëtzebuerg net ëmmer en Afloss op d’Situatioun am Terminal. Zum Beispill wa vill Leit op der Plaz sinn, well eng Gesellschaft Flich ofgesot huet. Dat war elo och de Fall bei der portugisescher TAP a bei Flich vun EasyJet mat Destinatioun Portugal.

“An deem Fall si mer ofhängeg vun den Airlines. D’Gesellschaften decidéiere selwer, ob se fléien, ob se hier Vollen ofsoen an da gi mir relativ kuerzfristeg informéiert.”

Wann een also e Vol gebucht huet an dee gëtt ofgesot, soll ee fir d’éischt ëmmer probéieren, seng Fluchgesellschaft ze kontaktéieren, fir iwwer Telefon oder Internet ëmzebuchen. Am Fall, wou ee muss op de Fluchhafe fueren, kann dat daueren, zemools wa wéi elo zu Frankfurt an zu München de Gros vun de Guicheten zou ass.

Fir d’Personal op de Fluchhäfen, sief et zu Lëtzebuerg oder soss éierens, sinn et iwweregens och keng einfach Zäiten. Passagéier, déi um Wee an d’Vakanz sinn, hu bei där grousser Virfreed net ëmmer sou vill Gedold.

“An de Peak-Phase gëtt et e gewësse Stressfacteur, well och net all d’Passagéier ganz entspaant am Check-In oder an de Sécherheetskontrolle sinn. Dat heescht no enger gewësser Waardezäit ass schonn heiansdo Onrou ze spieren. Dat heescht an de Peak-Phasen och méi Stress fir eis Mataarbechter.”

Am Prinzip kënnt och jiddereen, dee mat Zäit am Terminal ass, a säi Fliger. De Chef vu Luxairport seet, him wier bis elo nach net zu Ouere komm, datt Leit hire Vol verpasst hunn, well se méi laang hu misste waarden.

Back to Top
CIM LOGO