Et ass Gedold gefrotLaang Waardezäiten an Impf- an Testzenteren

Pit Everling
Vill Infektiounen an d'Demande no Booster-Impfunge suerge plazeweis fir laang Waardezäiten an den Testzenteren.
Laang Waardezäiten an Impf- an Testzenteren
Vill Infektiounen an d’Demande no Booster-Impfunge suerge plazeweis fir laang Waardezäiten an den Testzenteren.

Bei den enge Laboe muss ee puer Deeg op e Rendez-vous waarden, op anere Plaze muss een an der Schlaang Gedold hunn. Et wier ee sech bewosst, datt et de Moment plazeweis Schwieregkeete gëtt, seet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, am RTL-Interview. Dat léich awer net un den Testcapacitéite vun de Laboen, mee éischter un engem Manktem u Personal. Et géing een do zesumme mat de Laboratoiren no Léisunge sichen.

Impf- an Testzenteren/Reportage Pit Everling

Allkéiers, wa mer vill Infektiounen haten, hate mer dee Problem. D’Laboratoiren u sech kënnen hir Capacitéiten eropsetzen, mä de Problem ass, datt se net genuch Personal hunn. Mir sinn do an den Diskussiounen, fir ze kucken, wéi een deene Laboe kann hëllefen.

Do géing d‘Fro sech stellen, wéi eng Beruffs-Gruppen nach kéinte consideréiert ginn, fir déi Prelevementer ze maachen. Firwat net de Large-Scale reaktivéieren? Dat ass eng komplizéiert Organisatioun, deels mat Leit aus dem Ausland an dat kritt een net kuerzfristeg en Place gesat, sou den Dokter Schmit.

Trotz de Problemer bräicht een awer net ze fäerten, datt doduerch Isolatioune géingen zäitlech no hanne verréckelt ginn, sou den Dokter Schmit.

D’ordonnance d’isolement kann och op e Schnelltest ausgestallt ginn. Et ass net den Datum vum PCR, deen zielt, mee dee vum Schnelltest oder dee vun den éischte Symptomer.

Da gouf lo quasi jiddereen iwwer 18 Joer invitéiert, fir sech boosten ze loossen. D’Demande no enger drëtter Dosis ass also grouss, obwuel d’Delaien, bis een e Rendez-vous kritt, awer raisonnabel sinn, seet den Direkter vun der Santé.

Och an den Impfzentere kënnt et dëser Deeg awer alt emol zu Retarden. Do wieren d‘Leit selwer heiansdo net onschëlleg drun, sou den Direkter vun der Santé.

D’Leit géingen hir Rendez-vousen net ëmmer zäitlech respektéieren. Do kann et dann zur Situatioun kommen, datt heiansdo ze wéineg an heiansdo ze vill Leit am Impfzenter sinn, sou nach den Dokter Jean-Claude Schmit.

Back to Top
CIM LOGO