8 Betriber goufen e Mëttwoch mam Label “Actions Positives” ausgezeechent fir hir Mesurë, well se d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen op der Aarbecht gefërdert haten. Ënnert anerem och de Crèche-Gestionnaire Group Aura. Déi zoustänneg Ministesch hat dann och bei der Zeremonie ënnerstrach, datt et d’Zil wier, d’Stereotypen z’iwwerwannen. Mir ware bei de Group Aura luussen, wéi si sech fir méi Gläichberechtegung asetzen.
Mir sinn an enger Crèche zu Leideleng, déi dem Gestionnaire Group Aura gehéiert. De Betrib mat senge 95 Mataarbechter gouf mam Label “Actions positives” ausgezeechent. Dat well dësen allen Mataarbechter, onofhängeg vun hirem Educatiounsniveau, d’Méiglechkeeten zu enger berufflecher Weiderentwécklung bitt a bis ewell 37 Prozent Männer agestallt huet.
De Crèche-Gestionnaire gëtt et zënter 2012 an empfänkt all Woch méi ewéi 350 Kanner a senge verschiddene Strukturen. D’Zil ass et Servicer weider auszebauen. Ënnert anerem sollen nei Strukturen zu Esch a Schëffleng am September opmaachen. Donieft, huet de Betrib een Zenter opgemaach, wou Kanner kënne Sport maachen.
Mam Programme “Actions Positives” well den zoustännege Ministère d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer viru bréngen. Ausgezeechent ginn domadder d’Mesuren, déi vun de Betriber déi matmaachen decidéiert goufen, fir méi Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer op der Aarbecht ze suergen.
Bis ewell hunn 80 Betriber hei am Land mat zesumme 50.000 Mataarbechter um Programme vum Ministère deelgeholl. D’Betriber déi matmaachen, kommen aus verschiddene Branchen.