Déidlechen AccidentLäich vun 22 Joer jonkem Mann aus dem Stauséi gebuergen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg kuerz virun Hallefnuecht gouf zu Esch-Sauer um Stauséi eng vermësste Persoun gemellt.
© Domingos Oliveira

De Mann war mat e puer Kolleegen do schwammen. Et gouf eng grouss-ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet. Bedeelegt ware Police, Pompjeeën a Fräschmänner vum CGDIS.
D'Taucher konnte just nach d'Läich vum 22 Joer jonke Mann aus der Stad biergen.

Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären. Dofir gouf och eng Autopsie ugefrot.

Back to Top
CIM LOGO