
Dat deelt d'Administration de la nature et des forêts an engem Schreiwes mat a mécht an deem Kontext och e Rappell: Wéinst de laangen Dréchent- an Hëtztperiode wieren d'Bëscher, respektiv verschidde Beem an engem fragillen Zoustand, wat geféierlech ka ginn. Net nëmmen Äscht kéinten ofbriechen an op Spadséiergänger falen, och besteet de Risk, datt d'Beem sech komplett destabiliséieren an ëmtippe kéinten. Dacks géing een dës Gefor de Beem net direkt ugesinn. D'Naturverwaltung erënnert an deem Kontext dann och drun, datt dës Gefore bestoe bleiwen, och wa mer aktuell a kenger Canicule oder Drécheperiod wieren. Hannergrond vun dësem Rappell wier e weideren Incident an der Gemeng Bäerdref vum Weekend, bei deem e Foussgänger blesséiert gouf, wéi en Aascht op e gefall ass.
Réischt Enn Juli gouf et esou ee Virfall am Bësch zu Bäerdref selwer, hei war de concernéierte Foussgänger un der Suite vu senge Blessure gestuerwen.
D'Natur- a Bëschverwaltung gëtt dann och eng Rei Recommandatioune mat op de Wee: