
Nodeems dat rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert ass, kéint de Pestizid u sech jo nees verkaf an agesat ginn.
En Dënschdeg den Owend hat de Ministère an engem Schreiwes finanziell Hëllefe fir Bauere preziséiert, déi trotzdeem weiderhin op den Asaz vu Glyphosat verzichten.
D’Bauere kënnen de sougenannten Eco-Régime aktivéieren, deen dann ënnert anerem d’Perte kompenséiert, déi duerch den Net-Asaz vun esou Produiten entstinn. Fir déi 70€ pro Hektar ze kréien, muss een op déi sougenannt “big-movers” verzichten. Nieft dem Glyphosat zielen nach eng ganz Rei aner Wierkstoffer dozou.
Derbäi kommen Hëllefen, déi jee no Ubau variéieren, an tëscht 150 an 750€ den Hektar leien. Fir Wënzer, déi op Herbizide verzichten, geet d’Primm op bis zu 780€ pro Hektar Wéngert.