Police relancéiert Campagne"Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen"

Claudia Kollwelter
Anne Wolff
"Jidderee kann Affer vun enger Bedruchsmasch ginn, ma eeler Leit sinn awer e gutt Stéck méi vulnerabel", esou d'Familljeministesch Corinne Cahen.

“Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen”. Dat ass den Titel vun enger Sensibiliséierungscampagne, déi et scho viru 4 Joer gouf an déi elo relancéiert gëtt. D’Familljeministesch Corinne Cahen an d’Police hunn en Dënschdeg de Moien betount, datt awer net just eeler Leit ëmmer erëm Affer vu Bedruchsmasche ginn.

Campagne géint Arnaquen / Reportage Claudia Kollwelter

Zejoer goufen 4.700 Fäll bei der Police gemellt, an deene Leit entweder via Telefon, Email oder un der Hausdier bedru goufen, fir un hir Suen oder soss Wäertsaachen ze kommen. Dorënner wieren Affer, déi hiert ganzt Verméigen verluer hunn, huet de Pascal Peters vun der Police betount. Donieft geet ee vun enger héijer Donkelziffer aus, well vill Leit, wa se bis Affer sinn, wëlle keng Plainte maachen, well se sech schummen, oder se denke sech, se krite jo dach näischt erëm a loossen et da sinn.

Och wann de Gros vun de Fäll Leit betraff huet, déi ënner 50 Joer waren, wier déi eeler Populatioun fir verschidden Forme vun Arnaquen einfach méi vulnerabel. Nieft dem Enkeltrick oder dem “Phishing”, déi jo an tëscht bekannt sinn, ginn et awer och nei Bedruchsformen. Zum Beispill, datt Leit iwwerzeegt ginn, an eppes z’investéieren oder hinnen eng romantesch Relatioun virgetäuscht gëtt, fir un hir Suen ze kommen.

De Marc Wagner vun der Police erkläert wéi ee reagéiere soll. Vun deem Moment, wou een urifft an Drock mécht, a Suen oder Bijouen wëll, einfach anhänken. Net versiche mat hinnen an d’Gespréich ze kommen, well vun deem Moment un hunn d’Täter schonn hallef gewonnen, well se dann de psychologeschen Drock esou erhéicht hunn, datt d’Affer doru brécht.

Wat maachen, wann een dann awer op een vun den Tricken eragefall ass?

Wann der Suen iwwerwisen hutt, oder Donnéeën vun de Konten oder Kreditkaarte ginn hutt, der Bank oder Worldline direkt mellen. An der Reegel muss d’Reaktioun an den éischten 48 Stonne geschéien, fir datt een iwwerhaapt nach eng Chance huet, d’Suen ze blockéieren a rëm sichen ze goen.

Mat der Relance vun der Campagne erhofft ee sech, datt d’Bierger ënnerteneen iwwert esou Masche schwätzen an d’Leit doduerch wëssen, wéi se reagéiere sollen, fir esou eng Arnaque z’evitéieren, respektiv wat maachen am Fall wou se Affer dovunner ginn.

Back to Top
CIM LOGO