
Dat geet aus enger Äntwert vum Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Paul Galles ervir. Leit, déi a prekäre Situatioune liewen, ginn net éischter wéi aner Persoune vaccinéiert, respektiv wa si jee no Alter oder Virerkrankung un d'Rei kommen; also spéitstens an der Phas 6. Et ass der Gesondheetsministesch no och ze preziséieren, datt Leit ouni fest Doheem, déi net als ufälleg gëllen, kee méi en héije Risk presentéiere wéi Persounen, déi net an der Prekaritéit liewen. Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Paul Galles.
Virun 10 Deeg hat de Ministère dann och en Appell un de konventionéierte Secteur gemaach, fir déi Leit ze mellen, déi ënnert d'Vaccinatiouns-Phas 2 falen an net bei der CNS affiliéiert sinn. Also héich ufälleg Persounen oder Leit iwwer 75 Joer. Dës solle vun den ASBLe gemellt an och an de Vaccinatiounszenter begleet ginn.
